Mir rekrutéieren een.eng Project Manager.in

Mir siche Verstärkung am Team vun Eurosolar Lëtzebuerg !

Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. ass eng gemengnëtzeg lëtzebuergesch Organisatioun déi sech fir dat vollstännegt Ersetzen vu fossillen an atomaren Energien duerch erneierbar Energien asetzt. 

Posten: Project Manager 
Beräicher: 
REScoop & Solar@School 

Startdatum: à convenir 

Aarbechtsplaz: Biekerech

Kontrakt: CDI part-temps à définir

Deng Missiounen: 

  • Koordinatioun an Ëmsetzung vum Projet REScoop, dem Reseau vun den europäeschen Energiekooperativen 
  • Weiderentwécklung an Animatioun vum Projet Solar@School, Kontakt mat de Schoulen a Präsentatiounen an de Klassen 
  • Suivi vun der Press an der politescher Aktualitéit am Bezuch op d’Energietransitioun 
  • Pressecommuniquéeë virbereeden 

Deng Kompetenzen: 

  • Groussen Interessi un der Energietransitioun 
  • Passioun fir déi erneierbar Energien 
  • Gutt Organisatioun an autonomt Schaffen 
  • Erfahrung am Projetmanagement ass en Avantage 
  • Exzellent Sproochekenntnisser: déi geleefeg Sprooche vum Land 
  • Kommunikatiounsstäerkt 

Mir bidden: 

  • Eng spannend an zukunftsorientéiert Aarbecht an engem klenge motivéierten Team 
  • Flexibel Aarbechtszäiten 
  • Participatioun u nationale wéi internationale Réseaue ronderëm d’Energietransitioun 
  • En interessante Salaire ugepasst un den Diplom an d’Beruffserfahrung 

Interesséiert?

Schéck däi CV an eng Motivatioun bis de 29. Mäerz 2026 un info@eurosolar.lu

Weider Informatiounenwww.eurosolar.lu

You may also like these