De Samsdeg, de 4. Oktober 2025, huet Eurosolar Lëtzebuerg zesumme mam CELL dé 2. Editioun vum Tuer vun de Kooperativen organiséiert.
D’Zil war et, déi konkret Projeten aus den Energiekooperativen ze weisen an de perséinleche Austausch tëscht de Kooperativen ze fërderen.
Mat engem gelounten Bus ass den Dag bei der Gare zu Klengbetten ugaangen.
Déi éischt Statioun war d’Anlag vun TM Enercoop bei der neier Schoul zu Beetebuerg.
Duerno goung et weider bei Leader West, mat Visitten op zwou Installatiounen zu Stengefort an Habscht.
Eng Paus mat Iessen hu mir an der Millen zu Biekerech verbruecht, wou Energy Revolt ee Virtrag iwwer d’Wandturbinn um Kuelebierg gemaach huet.
Zum Ofschloss gouf d’Wandturbinn op der Plaz besicht.
Am Ganze waren 23 Participanten aus de Kooperativen dobäi, sou wéi och ee Représentant vum Wirtschaftsministère.
Dës Initiativ huet d’Kooperativen zesummebruecht a gewisen, wéi vill dynamesch Biergerenergie zu Lëtzebuerg entsteet.
Hei fannt dir eng kleng Foto-Galerie vum Dag:










