Mir siche Verstärkung am Team vun Eurosolar Lëtzebuerg !
Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. ass eng gemengnëtzeg lëtzebuergesch Organisatioun déi sech fir dat vollstännegt Ersetzen vu fossillen an atomaren Energien duerch erneierbar Energien asetzt.
Posten: Project Manager
Beräicher: REScoop & Solar@School
Startdatum: à convenir
Aarbechtsplaz: Biekerech
Kontrakt: CDI part-temps à définir
Deng Missiounen:
- Koordinatioun an Ëmsetzung vum Projet REScoop, dem Reseau vun den europäeschen Energiekooperativen
- Weiderentwécklung an Animatioun vum Projet Solar@School, Kontakt mat de Schoulen a Präsentatiounen an de Klassen
- Suivi vun der Press an der politescher Aktualitéit am Bezuch op d’Energietransitioun
- Pressecommuniquéeë virbereeden
Deng Kompetenzen:
- Groussen Interessi un der Energietransitioun
- Passioun fir déi erneierbar Energien
- Gutt Organisatioun an autonomt Schaffen
- Erfahrung am Projetmanagement ass en Avantage
- Exzellent Sproochekenntnisser: déi geleefeg Sprooche vum Land
- Kommunikatiounsstäerkt
Mir bidden:
- Eng spannend an zukunftsorientéiert Aarbecht an engem klenge motivéierten Team
- Flexibel Aarbechtszäiten
- Participatioun u nationale wéi internationale Réseaue ronderëm d’Energietransitioun
- En interessante Salaire ugepasst un den Diplom an d’Beruffserfahrung
Interesséiert?
Schéck däi CV an eng Motivatioun bis de 29. Mäerz 2026 un info@eurosolar.lu
Weider Informatiounen: www.eurosolar.lu